De Mathé Club

De Mathé Club (M-Club) riicht sech u virwëtzeg Schüler vun alle Klassen, déi méi iwwert d’Theorie, d’Geschicht an d’Uwennungen vun der Mathematik wëllen entdecken. Et ass di ideal Geleeënheet fir méi déif an di faszinant Welt vun den Zuelen, de Symboler an de Figuren eranzeklammen, an sech dobäi vun der zentraler Roll vun der Mathematik an eiser Gesellschaft bewosst ze ginn.

D’Objektiv vum Mathé Club ass d’Stimuléieren vum intellektuellen Wëssensdrang, der Kreativitéit an dem kritesche Geescht vun deene Jonken duerch gezielten Asaatz vum logeschen Denken an vum rationalen Reflektéieren.

Vu dass d’Schüler hir Fuerschungsthemen selwer kënnen auswielen, fannen se hei eng Plaatz fir hiren eegene Froen nozegoen an Mathematik, ënner professionellem Coaching, mol ganz anescht ze bedreiwen, wéi dat an enger Klass méiglech ass.

M-Club - (2014-2015)