Den Olympia Club

Des periscolaire Aktivitéit huet als Ziel, de Schüler Loscht um Léisen vu mathematesche Problemer a Kniwwelereien ze ginn.

Déi Problemer déi hei behandelt ginn stamen meeschtens aus internationale Mathésconcoursen, wéi zum Beispill di belsch Mathésolympiad (http://omb.sbpm.be/) oder di international Mathésolympiad (https://www.imo-official.org).

Hei fannt der e Beispill vun engem geometresche Problem:

Zwee rout Kreesser mat Radius r an zwee gréng Kreesser mat Radius t beréieren d’Säiten vun engem Quadrat, wéi an der Figur gewisen.
D’Quadrat selwer läit an engem méi groussen Dräieck, sou dass di zwee Dräiecken baussent dem Quadrat en Bannekreess mat Radius r (rout), respektiv R (blo) hunn.
Weis dass dann R = 2t.

Des weideren sin eis Problemer aus de Beräicher vun der Arithmetik, der Kombinatorik an der Algèber. D’Léise vun dëse Problemer setzt generell just elementaart mathematescht Wëssen viraus a baut haaptsächlech op Kreativitéit an Intuitioun.

Wann dir méi Detailer iwwer den “Olympia Club” wëllt kréien, da kënnt der iech un ons Mathésproffen wenden.

2000px-IMO_logo.svg